Landschaften voller Liewen - Éisträich Naturparken online!

Landschaft vun den Naturparken vun ÉisträichDéi nei Websäit vun Éisträich Naturparken ass online an hält d'Visiteuren informéiert iwwer Ariichtungen, aktuell Offeren, Eventer a Wandertips.
Déi éisträichesch Naturparken bilden déi schéinste Natur- a Kulturlandschaften am Land a representéieren esou d'Diversitéit vun Éisträich un charakteristesche Landschaften.
D'Bundeslänner Niederösterreich, Steiermark a Burgenland representéieren déi aktuell 48 éisträichesch Naturparken.

Ënnert dem Motto "Natur erliewen - Natur genéissen" sollen déi 20 Millioune Visiteuren d'Joer d'Wichtegkeet vun ëmweltfrëndlecher Handlung méi no bruecht ginn.
D'Associatioun vun éisträicheschen Naturparken ass besonnesch engagéiert fir d'Biologesch Diversitéit an Éisträich ze schützen an ze erhalen.
Duerch d’Fusioun vun allen Naturparken an eng Daachorganisatioun soll eng qualitativ Weiderentwécklung vun den Naturparken a gemeinsame Marketingprojeten gefördert ginn. D’Konzept vun der nohalteger Entwécklung definéiert wéi den Naturschutz an deene Regioune soll ausgesinn, fir datt och zukünfteg Generatiounen vun der Liewensqualitéit vun haut kënne profitéieren.
Fir méi Informatiounen, kuckt: www.naturparke.at