Gesondheet & Gläichgewiicht mat de Coursen vun Ayuyoga!

ayuyogaGesondheet & Gläichgewiicht - Mir freeën eis op eisen nei ëmgesat Projet fir Ayuyoga kënnen presentéieren.
Ayuyoga Coursen sinn entwéckelt fir Leit ze hëllefen hiren banneschten Gläichgewiicht ze fannen mat enger Kombinatioun vu Yoga an Ayuerveda, déi eelst Heeltechnik op der Welt.
Harmoniséierung vu Kierper, Geescht a Séil sinn ëmmer am Virdergrond. Eng grouss Varietéit vun Approchen, wéi Yoga&Klang, sollen dëst Zil ënnerstëtzen.
Gesangschale kënne benotzt ginn fir Kierper a Geescht ze stäerken. Blockade ginn ewechgeholl an de fräie Stroum vun Energie gëtt verbessert.
 
An de Coursë fir Privatpersounen, besonnesch fir Kanner, schwangere Fraen oder Leit no der Gebuert, léieren d'Participanten méi Opmierksamkeet op hire Kierper ze bezuelen, ze relaxen, Geescht a Séil ze revitaliséieren a gläichzäiteg hir Wirbelsäule a Muskelen ze stäerken.
Zousätzlech ginn och Coursen speziell fir Firmen ugebueden, mat Haltungsübungen an enger grousser Varietéit vun Atmungstechniken entwéckelt fir Spannungen ze entlaaschten a Stress ze bewältegen.
Léiert méi op: http://www.ayuyoga.at/